Berdorfer Scheunen-Raclette 23 Januar 2026

De Start an d’Begréissung sinn um 18:30 Auer, wou mir e klenge Patt op Käschte vum Haus zerwéieren.
Duerno erwaart Iech en gemittlecht traditionellt Raclette-Iessen mat de klasseschen Zutaten wéi Gromperen, Ham, Geméis, Brout an natierlech dem leckere Berdorfer Roude Bouf.
Als Dessert get et eng vun eiser Selwer gemaachten Glace. Gedrenks as net inclus.
D’Iessen fend an eiser gemitlecher Scheier statt, et as gehetzt, mat Heizlpilzen, mais am beschten brengt dir awa och eng Jacket mat, vue que dat et keng 100% zou’en Haal as.
Bei eis steet d’Gemengschaft an d’Gemittlechkeet am Mëttelpunkt.
Eis Dëscher si fir 6 Persounen ausgeluecht a ginn ëmmer komplett besat – esou kann et sinn, datt Dir Äre Platz mat anere léiwen Gäscht deelt. Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Versteesdemech a freeën eis op flott Begegnegungen a gemittlech Gespréicher um gemeinsamen Dësch.
- Beginn: 18:30 Auer
- Zuel: Maximal 36 Persounen
- Präis: Erwuessener 39,50 €




