Sie befinden sich hier:

Geesse Kéis

Iwweraschent anescht

Säin charakteristesche Geroch, an den typeschen Saieregehalt, verwandelen dësen Kéis an een eemolegen Produit. Einfach fir ze genéissen!

Geesse Kéis

Geesse(n)schnëttkéis

Aus Geessemëllech hiergestalltem Schnëttkéis, deen douce am Goût dass. D’Geessen vum Haff liwweren all Daag di frësch Mëllech di hei verschafft gëtt. Dësen douce Goût iwwerzeegt souguer Kritiker. Di opfalend gréng Schuel ass dësem Kéis sein Markenzeechen.

Variatiounen:

  • jonk
  • aal

Frësche Geesse Kéis

Fresch ann villsäiteg!

Cremeg Spezialitéiten mat dezentem Geessenaroma. Am Géigesaz zu engem Schnëttkéis, den e puer Méint laang räift, ass dësen Kéis direkt verzehrfäer- deg. Säi liichten, saierleche Goût mécht dësen villsäiteg verwendbar an der Kichen, z. B. an enger Zalot, als Ofenkäse oder op enger Pizza.

Variatiounen:

Natur
fruuchteg: Ananas · Cranberry · Papaya
wierzeg: Äschen · Italiano · Provencal

CamemBerdorfer

Mëlle Kéis aus Geessemëllech

Hiergestallt no Camembert Art.
Eng Delikatesse, di als jonke Kéis nach en doucen Gôut huet, mee deen bäim weideren Räifen ee cremegt-kräftegt Aroma kritt.