Eis ganz Gamme gëtt ausschliisslech aus eiser eegener Mëllech hiergestallt, déi vun eise Kéi a Geesse kënnt. D’Mëllech gëtt pasteuriséiert a mat natierlechem Fettgehalt verschafft. Eis handwierklech Produktioun suergt dofir, datt all Kéis eenzegaarteg ass.

Kéis Spezialitäten
Berdorfer Kéis
Kéis vum Haff
De Berdorfer Kéis gëtt no traditioneller Art aus Mëllech mat natierlechem Fettgehalt hiergestallt.
Roude Bouf
Eegekreatioun – oder Kéiserei Kreativ!
Et ass dat aussergewéinlech Frëscht, wat dëse Kéis esou eenzegaarteg zaart-creemeg, mat enger gewësser Wierz (Häerzhaftegkeet) ausmécht.
Mëllech vun der Kou & der Geess
Ëm di 60 Kéi, mee awer och 140 Geesse bewunnen den Hammhaff.
D‘Fudder kënnt vun den eegene Wisen, an de Weidegang ass garanteiert.







