Sie befinden sich hier:

Kéis Spezialitäten

Eis ganz Gamme gëtt ausschliisslech aus eiser eegener Mëllech hiergestallt, di vun eisen Kéi an Geessen kennt. D’Mëllech gëtt pasteuriséiert an mat natierlechem Fettgehalt verschafft. Eis Handwierklech Produktioun, suergt dofir dat all Kéis eenzegaarteg ass

Berdorfer Kéis

Kéis vum Haff

De Berdorfer Kéis gëtt no traditioneller Art aus Mëllech mat natierlechem Fettgehalt hiergestallt.

Roude Bouf

Eegekreatioun – oder Kéiserei Kreativ!

Et ass dat aussergewéinlech Frëscht, wat dëse Kéis esou eenzegaarteg zaart-cremeg, mat enger gewësser Wierz (Häerzhaftegkeet) ausmécht.

Geesse Kéis

Iwweraschent anescht

Säin charakteristesche Geroch, an den typeschen Saieregehalt, verwandelen dësen Kéis an een eemolegen Produit. Einfach fir ze genéissen!

Huemens

Kräftege Goût

Ganz no dem Motto „Geschmack hat immer Saison“ ass den Huemens – munch engem nach ënnert dem „Wanterkéis“ bekannt – säit 2021 ganzjäreg verfügbar.

Mëllech vun der Kou & der Geess

Em di 60 Kéi, mee awer och 140 Geessen bewunnen den Hammhaff.
Fudder kennt vun den eegenen Wissen, an den Weidegang as garanteiert.