De Berdorfer Kéis erfreet sech – mat Hëllef vum Engagement vun der ganzer Famill – iwwert en ëmmer gréissere Bekanntheetsgrad, och iwwert Grenzen vum Land eraus. Reegelméisseg ginn och Supermarchéën, Epicerien, Restauranten & Schoulen mat den Produiten beliwwert.
Kéisproduktioun aus Leidenschaft
Virun mei wei 30 Joor, hat den Rene Schmalen, no enger Vakanz an Eisterreich, d’Idee fir och hei ze Letzebuerg Kéis ze maachen. Noo e puur Tester , doheem am klengen Style, an den begeeschterten eichten Clienten, huet hien dun decideiert sech komplett op Keishierstellung anzeloosen. Sen g Fraa Siely an hien hun am Ufank Kei gestrach an niewenbei Keis gemaach, mee wei dest dun mei grouss gouf, koum d’Froo op fir nach Matarbechter anzestellen. Zesummen mam Till, eisem Kéismeeschter, hun si dun den Roude Bouf entweckelt.
Esou koumen dun iwerrt Jooren emmer rem nei Ideen , dei an Realiteit emgestallt goufen, an Produktpalett ze erweideren.
Mettlerweil sen nach 4 Matarbechter beikomm, an d’Kéiserei gëtt vum Monique Schmalen an sengem Mann Jan am Haus Huemens geféiert, wärend den Hammhaff mat den Déieren, vum Patrick Schmalen an senger Fra Anne bewirtschaftet gëtt. an der Keiserei, sen iwerdeems 6 Matarbechter ugestalt, fir d’Keisproduktioun, Iwerwaachung an Pflege vun der Reifung, an der Kommissiouneirung , souwei der Ausliwwerung vum Keis.
Berdorfer Kéis als Letzebuerger Spezialitet
Am Laaf vun den Jooren, huet sech den berdorfer Kéis als Spezialiteit entweckelt, dei am ganzen Land bekannt as. Den gouden Gout vun den Produiten, iwerzeegen suwuel den Widderverkeefer, wei och d’Leit doheem, vun den Fähegkeeten vum Betriib.













