You are here:

Geessekéis

Iwweraschend anescht

Säi charakteristesche Geroch an den typesche Saieregehalt verwandelen dëse Kéis an een eemolege Produit. Einfach fir ze genéissen!

Geessekéis

Geesseschnëttkéis

Aus Geessemëllech hiergestallte Schnëttkéis, deen duuss am Goût ass. D’Geesse vum Haff liwweren all Dag déi frësch Mëllech, déi hei verschafft gëtt. Dësen duusse Goût iwwerzeegt souguer Kritiker. Déi opfalend gréng Schuel ass dësem Kéis säi Markenzeechen.

Variatiounen:

  • jonk
  • al

Frësche Geessekéis

Frësch a villsäiteg!

Creemeg Spezialitéite mat dezentem Geessenaroma. Am Géigesaz zu engem Schnëttkéis, deen e puer Méint laang räift, ass dëse Kéis direkt verzehrfäerdeg. Säi liichten, saierleche Goût mécht dëse villsäiteg verwendbar an der Kichen, z. B. an enger Zalot, als Ofenkäse oder op enger Pizza.

Variatiounen:

Natur
fruuchteg: Ananas · Cranberry · Papaya
wierzeg: Äschen · Italiano · Provencal

CamemBerdorfer

Mëlle Kéis aus Geessemëllech

Hiergestallt no Camembert-Art.
Eng Delikatess, déi als jonke Kéis nach en duusse Gôut huet, mee dee beim weidere Räifen e creemegt-kräftegt Aroma kritt.

Variatiounen:

  • natierlech
  • mat Trüffel

Räifung CamemBerdorfer

Camember_Icon-1
Camember_Icon-2
Camember_Icon-3

Eise CamemBerdorfer gëtt no eisem traditionellem Familienrezept hiergestallt.
Seng Räifung & Goût kennt dir selwer entscheeden.
Fir ze räifen, w.e.g. de CamemBerdorfer
bei +/- 15 Grad lageren.